Kleedertausch

Beschreiwung

D´Jugendhaus huet sech duerch verschidde Projet´e schonn ëmmer staark fir Nohaltegkeet agesat. Eise Kleedertauschprojet ass spontan duerch e Gespréich mat de Jonken entstanen.

Beim Kleedertausch Projet geet et drëm net ëmmer mussen nei ze kafen. Jiddweree vun eis huet Saachen doheem dinn en net méi un deet, a wien huet net mol gären eppes Neies. Mee nei muss net ëmmer nei sinn. Et geet schonn duer dat et fir ee selwer eppes neits ass, och wann et virdru scho gedroe gouf.

Wärend engem vun eise Kleedertausch Event, kanns du di Kleeder ofginn déi dir net mi gefalen an /oder dir eppes neits mathuelen. Eise Kleedertausch Projet ass fir jiddereen.

Di eenzeg Reegel ass dat di Saache gewäsch sinn an net futti.

Wat geschitt mat de Kleeder wann keen se mathëlt?

Mir sortéieren d´Saache reegelméisseg aus a verdeelen se dann, jee no Besoin a wat fir Kleeder mer hunn op verschiddenen Sammelstellen oder beréngen se an d’Kleedersammlung.

Zieler

Nohaltegkeet am Konsum vun de Kleeder.