Animateur A Formatioun
Animateur A Formatioun
Beschreiwung :
56 Stonnen :
- 2 Weekender gemeinsam Formatioun (32 Stonnen)
- 1 Dag Teambuilding (8 Stonnen)
- 2 Deeg Stage am Jugendhaus oder 2 weider Deeg individuell Formatioun (Spezialisatioun) oder eng Kombinatioun aus deenen zwou Méiglechkeeten (16 Stonnen)
- Fakultativ kënnt nach 1 Dag dobäi, wou déi, déi e Führerschäin hunn d’Méiglechkeet kréien op der Camionnette fueren ze léieren. (8 Stonnen)
Zieler
D’Animateuren, déi d’Formatioun duerchlaaf hunn, sollen:
- e Grupp vu Jugendlechen altersgerecht encadréiere kënnen
- Risike vun Aktivitéiten aschätzen a fir Sécherheet suerge kënnen
- mat Konflikter am Grupp ëmgoe kënnen
- hier Roll als Animateur kennen an als Virbild fungéiere kënnen
- Eegeninitiativ ergräifen an eegestänneg schaffe kënnen
- Handlungsméiglechkeeten a konkrete Situatioune kennegeléiert hunn
- déi aner Animateure, mat deenen se wäerte schaffen, kennegeléiert a mat hinnen am Team geschafft hunn
- vertraut si mat den Aktivitéiten, déi an deem jeeweilege Joer ugebuede ginn