Vakanz Aktivitéiten

Beschreiwung

An der Zäit vum 15.Juli bis 15. September bitt d'Jugendhaus a Kooperatioun mat der Gemeng Schëffleng all Joers verschidde Vakanzaktivitéiten un.

Dofir gëtt am Viraus eng Broschür un all Jonken tëschent 12 a 17 Joer verschéckt.

Ugebuede ginn Dagesaktivitéiten an Aktivitéite mat Iwwernuechtung vun 3 bis 7 Deeg.

De Programm gëtt all Joers nei vun der Equipe vum Jugendhaus opgestallt, woubäi och d'Jonker Iddie mat abrénge kënnen.

Des Aktivitéite kenne kreativ sinn, (wéi Molatelieren, Graffiti Workshop, Keramik, Töpfern), sportlech (wéi Trekking, Vëlostouren, Downhill, Klammen, Boulderen, Schwammen, Kanu), kulturell (wéi Citytrips, Plage, Schwarzwald) oder de Spaass am Fokus hunn (wéi Fräizäitpark asw).

Am Virfeld fënnt eng Infoversammlung statt fir déi Jonk an hir Elteren an zum Schluss gëtt eng Ofschlossfeier organiséiert, wou all Participanten an d Elteren invitéiert sinn. Do gëtt e Buffet mat de Jonke preparéiert, e Film mat all den Erliefnesser vum Summer gëtt gewisen an a enger flotter Atmosphäre gëtt de Summer nach eng kéier Revue passéiere gelooss.

Zieler

D' Zieler vun deenen eenzelnen Aktivitéiten variéiert a riicht sech no dem jeeweilegen Inhalt.