Jugendhaus Räumlechkeeten

Accueil

Den Accueil oder Empfang op Lëtzebuergesch ass deen Beräich, wou een an d’Jugendhaus erankënnt. Hei steet en Billard-Dësch, en Kicker, en Ping-Pong-Dësch an e puer Canapés. Hei kréien d’Jugendlecher och d’Méiglechkeet Gesellschaftsspiller ze spillen. Beim Erankommen mellen séch d’Jugendlecher op eiser Lëscht un, fir hir Präsenz unzeginn. Do fannen si och Flyeren iwwert veschidden Themen.

 

Kichen

Eis Kichen gëtt all Freides fir eng Aktivitéit benotzt, an zwar dem Kachatelier. Do kachen mir zesummen mat den Jugendlechen an iessen duerno ënnen am Accueil zesummen, nodeems mir zesummen den Dësch gedeckt hunn. Si läit um 1. Stack. D’Jugendlecher kënnen an däerfen d’Kichen och alleng benotzen den Rescht vun der Woch.

 

Bouldersall

Am Bouldersall um 1. Stack fënnt den Jugendlechen hëlzen Maueren mat Klotergrëffer drop. Déi Klotergrëffer bilden Routen. Do lafen och heiansdo Projeten wéi déi vun enger Spraywall. Dat ass eng Mauer mat villen Grëffer drop wou d’Jugendlecher géigesäiteg kënnen Routen festlëen.

 

Kreativ Raum

Am Kreativraum hunn mir déi gängegst Materialien fir Konschtwierker ze schafen.

 

Chill Raum

Am Chill-Raum oder Entspanungsraum op Lëtzebuergesch kënnen d’Jugendlecher séch zeréckzéien. Hei stinn e puer Canapés. D’Beliichtung an deem Raum ass manner staark wéi an deenen aneren Räim.

Weider Beiträg an der Kategorie: d'Jugendhaus