Schëfflenger Jugendhaus
10, avenue de la libération
L-3850 Schifflange
Telefon am Jugendhaus: +352 26 53 08 50
No 20 Joer an der Heemerzéihung sin ech 2004 vum schëfflenger Jugendhaus engagéiert gin, fir mat un der Konzeptgestaltung wéi och un hirer Emsetzung mech ze bedeelegen. Wéi dun 2006 weider Personal angestallt gin ass an opgrond vun menger Erfahrung ass mir d’Aufgab vun der Koordinatioun vun den Arbechten am Jugendhaus zougedeelt gin. Seit Ufang den 90er Joeren huet sech lues an lues déi systemesch Erliewnispädagogik zu mengem beviirzugtem Arbechtsfeld entweckelt.
No menger Ausbildung zum Erzéiher hun ech 2003 eng Ausbildung zum Erliewnispädagog bei Planoalto an der Schweiz an du 2006 eng Weiderbildung zum systemeschen Naturtherapeut erfollegraich ofgeschloss. 2008 hun ech eng Weiderbildung als Antigewalt- an Deskalatiounstrainer ugefangen. Den Haaptfokus an mengem Arbechtsfeld gesin ech seit Ufang am sozialen Sektor an der Arbecht um Mensch, ennerstetzen vun der Entwecklung vun der Reifheet.
Meng Interessengebieter sin nirwend dem Sport am allgemengen haaptsächlech Natursportarten wéi: Sportkloteren um Fiels (seit 1983, hun Ufang der 90er Joeren Wettkampfkloteren bedriwen op nationaler (4 x Landesmeeschter) an internationaler Ebene) Trekking, Kanu, Snowboard, Mountainbike, Alpinismus,... Op Verbands- an Klubebene war ech 15 Joer täteg an hun mech do enneranerem em d’Ausbildung vun den Moniteuren bekemmert. Donirwend Liesen ech gären (vum Roman bis zu Fachliteratur zu den verschiddensten Beraich.
Hallo, mein Name ist Janine Smith und ich komme aus Palzem, Deutschland.Nach meinem Abitur 2005 habe ich 4 Jahre an der Universität des Saarlandes, Musik, Kunst und Deutsch studiert.2009 habe ich dann meine Ausbildung zur Erzieherin an der St. Helena Schule in Trier begonnen.2012 erhielt ich meinen Abschluss und seit August 2012 arbeite ich als Erzieherin im Schëfflenger Jugendhaus.Meine Hobbies sind Lesen, künstlerische Tätigkeiten und vor allem Musik, denn ich spiele mehrere Instrumente und singe in zwei Chören.
Hallo, ech sinn d'Sarah an schaffen säit September 2014 hei am Jugendhaus. Ech ginn niewenbai nach an schoul an maachen mäin "Bachelier en Education spécialisée en accompagnement psycho-éducatif". Ech liesen ech ganz gär an och ganz vill. A menger Fräizäit ginn ech vill op Konzer'en an probéieren och esou vill wei méiglech ze reesen. Am Wanter sinn ech gären an d Bierger a fueren Snowboard.