Denke nicht so oft an das, was dir fehlt, sondern an das, was du hast.
- Marc Aurel

Wiel eis Foto vum Mount

Wellkomm am Dezember

Vum Sarah | 06. Dez 2018 um 15:56

Programm:

  • Freideg 07.12.18 : Visite vum Kreschtmaart an der Stadt & Schlittschong fueren. Treffen um 18h00 an retour geint 22h00 beim Jugendhaus. Den Accueil bleiwt deen Daag zou.
  • Mettwoch 12.12 : Mir gin zesummen iessen. Dofir mecht d'Jugendhaus ausnahmsweis schon um 19h00 zou.
  • 14-16.12 : Mir fueren op Strossbuerg op de Kreschtmaart, gin Wanderen an Klammen. Waerend deenen Deeg ass d'Jugendhaus och zou.

Dei nei Auswahl fir d'Foto vum Mount ass online. Vergiess net fir dain favorite ofzestemmen.

Snowprojet 2019

Vum Janine | 28. Nov 2018 um 19:32

Och nächst Joer fuere mer erem an der Fuesvakanz an den Schnéi.

          16.-23.Februar 2019

Méi Infoen fenns du hei um Flyer oder am Jugendhaus.

Nei Fotoen online

Vum Sarah | 22. Nov 2018 um 16:00

Lescht Woch krutten mer op der Soirée des Laureats en Diplome als Unerkennung fir eisen Solarprojet. Kuck d'Foto dofun am Album DIVERS.

Am Kader vum Zukunftsdiplom hun mer eisen aalen Musekssall frech ungestrach. D'Fotoen dofun fenns de am Album MIR STRAICHEN UN.

An de Weekend waren mer op Fontainebleau Boulderen. Dei Fotoen fenns de am Album FONT 11.18.

 

An wei emmer kanns de och fir d'Foto vum Mount ofstemmen.

 

Ausbleck an den November an Dezember

Vum Sarah | 25. Okt 2018 um 14:21

den w.e. vum 10/11. November fueren mer op Fontainebleau boulderen

hei fends du méi Info'en

de w.e. vum 14/16 Dezember fueren mer op Strossburg

hei fenns de mei Info'en

Nei Fotoen online

Vum Sarah | 23. Okt 2018 um 19:02

Virun 2 Wochen haten mer eng Iwwernueschtung am Jugendhaus. Nodeem mer gut zesummen giess hun, sin mer op eng Nachtwanderung gangen an hun dun, zereck am Jugendhaus, e Film zesummen gekuckt, Fotoen dofun fenns de hei.

Leschte Weekend waren mer um Sk8ing Girls. Jutebeutel personnaliseieren, Graffiti, Longboard Workshop,... kuck der hei d'Fotoen vun deem flotten Daag un.

All Freideg kachen mer zesummen. Lescht Woch gouf et Burger, mat Tomaten aus eisem Hochbeet. Hei e puer Fotoen dofun. Wanns de och engkeier wells beim Kachatelier dobai sinn, dann mell dech bis speitstens Donneschdes un.